> bulletin de commande électronique

<

De Fabio geet derwidder - Cycles 3 à 4

Wann s de déi siwe Geschichten aus dësem Buch lies, léiers de no an no d'Schüler vun der Joffer Engel an dem Schoulmeeschter Ritter aus enger Grondschoul zu Lëtzebuerg kennen.

Du wëlls deem frëndleche Buerghär léiwer net begéinen, leits mam Hannah, dat mengt, seng Elteren géifen sech trennen, hëls d'Been an de Grapp a renns mam Manuel virum uerge Galo fort, trauers mam Ben ëm de Cheetah, zidders nuets vun Angscht mam Fabio an Italien, setz dech mat dem Thema "Mobbing" auserneen a fiers mat der Klass a Frankräich an eng interessant an opregend Vakanz.

Text : Yvette Moris

> bulletin de commande électronique