> bulletin de commande électronique

<

Minimaus

Et ass d’Geschicht vun enger butzeger Maus, déi sech op d’Sich mécht no dem stäerksten Déier... Déi eng Déiere wierke kleng a schwaach, awer si kënne ganz schéi staark a couragéiert sinn ! Aner Déiere gëllen als staark a couragéiert, awer hun déi wierklech souvill Mutt ? Loosst Iech iwweraschen ! E Buch, dat Mutt mécht iwwert sech erauszewuessen...
Dat neit Billerbuch « MINIMAUS » gouf geschriwwen agemoolt vum Dany Gales. Wéi hiert Buch « KOLJA A GALINA, wa Kuebe reesen» , ass och dëst eng witzeg Deieregeschicht mat grousse faarwege Biller, déi op Holz gemoolt gi sinn. Dir kënnt d’Minimaus op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch bestellen. Zousätzlech sinn hannen am Buch déi aner Iwwersetzungen vum Text.



> bulletin de commande électronique