<
<
Lulu der Zauberuhu mat Spill
Wat kann dëst Buch?
• Et ass en interaktivt Buch: d'Kanner kënne mat den Oueren der Geschicht nolauschteren, mat den Ae kucken, Bloosübungen a Beweegunge maachen.
• Et mécht Spaass.
• Et ass a Reimform: d'Kanner léiere Spréchelcher an zaubere mat.
• Duerch Bloosübungen an duerch d'Reimform gëtt d'phonologesch Bewosstheet geschoult: d'Kanner schwätze besser a léiere liesen.
• D'Kanner léieren d'Auer a bastelen selwer eng Auer.
• Et ass e Gesellschaftspill a villes méi.
Ee Buch fir matzeman :
En Nascht mat Eeër,
do kënnt e béise Jeeër…
D'Kanner hëllefen dem Ee,
rëselen a blosen hatt op de Wee.
D'Lulu kënnt op d'Welt,
déi him gutt gefällt.
Et ass nët nëmmen en Uhu,
mee en Zauberuhu…
plus Zauberspill
mat Spillregelen