<
<
Orangi : Jidderengem seng Chance mat CD
vum Josée Bourg
Eng léif, häerzeg a witzeg Geschicht ronderëm universell, aktuell Themen: Aneschtsinn, Elengsinn, Vertrauen, Courage, Akzeptanz, Respekt, Inclu-sioun, Solidaritéit a Frëndschaft.
Eng Geschicht mat där keen, ob kleng oder grouss, sech méi eleng brauch ze fillen.
Häerzlecht Versteesdemech a Liewensfreed bréngen d'Orangi, den Azzurro, de Struwwel, de Goldi an den Abraxas zesummen a si gi Frënn. Doraus wiisst Vertrauen a Courage.
Iwwerdeems kënnt jidderengem säin Talent un d'Liicht, fir seng Chance, an domat seng Plaz am Zesummeliewen ze fannen, well:
"Jiddereen ass eemoleg a brauch seng Chance."
Hannen am Buch:
– Froe fir driwwer ze schwätzen, ze schreiwen
– Nouten a Liddertexter
– CD mam Text an dräi Lidder
– Komplementar zum Buch: d'Theaterstéck op Ufro