<
<
Den TutteBatti - Kanner Lidder Billerbuch
mat CD
Den Tutebatti“ enthält 22 eege komponéiert Lidder, déi
an hierem Style esou wéi an hierem Schwieregkeetsgrad variéieren.
Bei der Realisatioun vun der CD stoungen déi verschidden Instrumenter
déi d´Lidder begleeden, an eng gewësse Stëmmung
vermëttelen, am Virdergrond. D´Nouten an d´Akkorde sti
bei all de Lidder dobei, sou dass se kënnen zu all Moment nogespillt,
nogesongen, a mat der Guitar begleed ginn.
Am Buch ginn Theme behandelt, déi d´Kanner interesséieren
a beschäftegen.
Sou fënnt een hei witzeg Lidder iwwer Indianer, Piraten, Kanner déi
motzen a knaschtelen,
an och iwwer d´Angscht oder d´Alleng sinn.
Mam „Tutebatti“ wärten d´Kanner flott Momenter
erliewen, déi se selwer zum Musizéieren ureegen