> bulletin de commande électronique

<

Märercher fir dranzebäissen 2

Dëst Mäerchen- a Kachbuch riicht sech u Kanner tëscht sechs an zwielef Joer an doriwwer eraus u jiddereen, dee gär Märercher liest, mat Freed kacht a mat Genoss ësst.

An all Mäerche geet Rieds vu Liewesmëttel oder Iessen, déi meeschtens typesch fir déi Kultur sinn, aus där d’Geschicht erzielt. D’Rezepter si fir véier Persounen.

Bei all Rezept ass eng flott Foto, déi dacks un d’Iessen an un d‘Mäerchen ugepasst ass. D’Kanner kënne verschidde Rezepter eleng maachen. Bei anere Menüen awer brauchen si Hëllef. Si kënnen an der Famill, mat Frënn, an der Schoul oder an der Maison Relais sech als Käch üben a gemeinsam hiert Iessen - et gëtt e Partydësch am Buch - genéissen.

Vill Freed beim Nolauschteren, Liesen, Kucken, Kachen an Iessen!


Text : Yvette Moris
Illustratiounen : Pit Weyer

 



> bulletin de commande électronique