> bulletin de commande électronique

<

Am Bretzelduerf : Geschnabbels - Getéins - Geklaaps - Gebraddels - Gekréins - Gekaz .....

10 flott an originell Kuerzgeschichten fir ze laachen an nozedenken, fir Kanner vu 6-10 Joer. 98 Säite, mat ville faarwegen Illustratiounen.
Wou op der Welt ginn et Auerzären déi Fänkches spillen, iwwerdeems d’Bäckeschfra wochelaang schléift, en Hond dee säin eegene Schwanz wëllt friessen an deem d’Sabbelen d’Baken eroflafen, wann e sech am Spigel gesäit? Wou gëtt et eng Zitrounen-zockergrimmelchersmaschin an e Kleederraumschaf mat Katapult? Dat alles gëtt et just nëmmen am Brëtzelduerf.

Geschichten : Romy Grandgenet Biller : Sandy Goedert



> bulletin de commande électronique