> bulletin de commande électronique

<

D'Lara geet op d'Rees ...
een neit Kannerbuch fir all Kand, dat sech an der Mäerchewelt wuel fillt !

An der Blumm sëtzt op eemol eng zierlech Elf mat engem lila-mauven, duerchsiichtege Kleed. Hir käschtebronggekrauselt Hoer falen hir bis op d'Hëft. (…) Aus hirer renger Hand geheit s'iwwert d'Lara e Grapp voll Blummepollen, dee wéi gëllene Reen laanscht hatt erofriselt. Do, wou en hifält, geet de Buedem auserneen, bis en déift Lach entsteet. Wéi d'Lara d'Elf froe wëllt, wouhin dat schwaarzt Lach féiert, ass keng Elf méi do. Ouni ze zécken, krabbelt d'Lara dorop lass a léisst sech um Hënneschten an d'Däischtert erarëtschen.Op krommen, knubbelege Bamwuerzele flitzt d'Lara ëmmer méi séier an ëmmer méidéif erof ….

Text : Yvette Moris - Illustratiounen : Muriel Moritz

> bulletin de commande électronique