> bulletin de commande électronique

<

Mäin 2. Schoulheft cycle 1.2

Mat dësem Buch wollte mir déi verschidden néideg Kompetenze vum Cycle 1 (1.1 an 1.2) testen, dëst an de Beräicher : „ Pré-écriture ”, „ pré-calcul ”, „pré-lecture”, „ discrimination visuelle ”, Feinmotorik, Orientéierung am Raum, Faarwen erkennen a benennen, phonologesch Bewosstheet, asw., ouni elo spezifesch op se eenzel anzegoen, schonn alleng, well se sech oft iwwerschneiden. D’Buch ass dofir och bewosst net an déi eenzel Beräicher ënnerdeelt. Et kann och d’ganzt Joer benotzt ginn, well et weder un Themen nach u Joereszäite gebonnen ass. Déi meescht Aufgaben oder Spiller kann d’Kand alleng bewältegen, well se beim eischten Ubléck scho kloer sinn. Bei anere geet eng kleng Erklärung duer. Just de Sprooche-Volet soll mam Enseignant zesumme behandelt ginn, dass ee wees, wou d’Kand steet.



> bulletin de commande électronique